Rouden Teppech a Glitzer. Esou stelle sech der vill de Filmsecteur vir. An och wann dat duerchaus dozou gehéiert, d‘Realitéit am Alldag ass eng aner: Suen an Jobs sinnhaart ëmkämpft.
Rezent Faillitte vu Produktiounsfirmen hunn däitlech gemaach: Och zu Lëtzebuerg ass de Filmsecteur am Wandel. E Samschdeg am Background probéiere mir, e Bléck hannert d‘Kulissen ze werfen.
Bei eis am Studio sinn d‘Schauspillerin Magaly Teixeira, de Filmproduzent Jani Thiltges an den Direkter vum Filmfong Guy Daleiden. Dir héiert och Deeler aus engem Interview mam Carlo Thiel, deen d'Techniker aus dem Filmsecteur vertrëtt.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.