
D'Police gouf e Freideg de Mëtteg an d'Rue de Strasbourg am Garer Quartier geruff, well et zu enger Ausernanersetzung koum. Wéi d'Beamten op der Plaz ukoumen, hunn zwee Männer e weidere Mann um Buedem festgehalen.
Bei dësem soll et sech éischten Informatiounen no ëm e presuméierten Déif handelen, dee kuerz virdrun an engem Sportsgeschäft an der Géigend geklaut soll hunn. De Mann huet sech bei der Police net kooperativ gewisen.
De Parquet huet, nodeems de Mann vun engem Dokter ënnersicht gouf, seng Festnam ordonéiert. De presuméierten Déif gouf e Samschdeg de Moie vun engem Untersuchungsriichter gehéiert.
Géint 14.30 Auer gouf der Police gemellt, dass et an enger Apdikt, och am Garer Quartier, ee méiglechen Déifstall gouf. E Sécherheetsbeamte vun engem Buttek direkt nieft der Apdikt huet der Police matgedeelt, dass déi selwecht Persoun och bei him duerch verdächtegt Verhalen opgefall wier.
Hie konnt de Verdächtege festhalen, bis d'Police ukomm ass, an huet hien dono un d'Beamten iwwerreecht. D'Police huet d'Persoun fir weider Ermëttlunge mat op de Büro geholl.
Zu Esch war d'Police iwwerdeems am Asaz, well eng Persoun sech net un eng Wegweisung gehalen hat. De Mann wier schonn net méi op der Plaz gewiescht wéi d'Police komm ass.
Kuerz drop hätten d'Beamten hien awer staark alkoholiséiert ugetraff. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum e Samschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
D'Police gëtt Detailer zu engem Accident mat engem schwéier Blesséierten zu Meecher e Freideg. Eng Grupp Motocycliste wier deemno géint 15:30 Auer ënnerwee gewiescht, wéi ee vun de Motocycliste wéi et schéngt ouni Friemawierkung d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer huet a gefall ass.
Hie gouf dobäi schwéier blesséiert a vun de Rettungsdéngschter an dem Noutdokter op der Plaz vum Accident en Charge geholl an dunn an d'Spidol bruecht. Liewensgefor géing keng bestoen, heescht et weider vun der Police.