Stad LëtzebuergPersoun gouf mat Messer menacéiert a beklaut

RTL Lëtzebuerg
An der Rue Nicolas-Ernest Barble an der Stad koum et e Sonndeg de Moie géint 9.15 Auer zu engem arméierten Déifstall.

Ee bis elo onbekannten Täter ass dem Affer nogaangen. Doropshin huet den Onbekannte säin Affer mat engem Messer menacéiert an em den Handy geklaut. Et gouf kee blesséiert an eng Enquête gouf lancéiert.

Eng Partie Leit hunn an der Stad randaléiert

E Sonndeg de Mëtteg géint 14.50 gouf eng staark alkoholiséiert Fra, déi mat der Police diskutéiert huet an ëmmer méi aggressiv ginn ass, mat op de Büro geholl.

Kuerz drop gouf et eng Kläpperei an der Stroossbuerger Strooss an der Stad. Hei hunn d’Policebeamten dräi Persoune misse vuneneen trennen. Och hei war Alkohol am Spill an d’Beamten hunn och si matgeholl.

An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg war eng weider Persoun an der Rue Joseph Junck net ze berouegen a koum an Arrest.

Alkohol um Steier

Zu Réimech op der Esplanade gouf e Sonndeg géint 18.50 Auer e Won gemellt, deen an e geparkte Won gerannt war a sech dono aus dem Stëbs gemaach huet. Den Automobilist konnt zu Wuermer gestoppt ginn. De Mann hat ze vill gedronk an huet säi Permis missen ofginn.

Back to Top
CIM LOGO