
Am Zentrum vu Wolz konnt d'Police de Mann untreffen an immobiliséieren. De Parquet huet de Mann du verhafte gelooss a géint hie gouf Protokoll erstallt. Zwee Gefierer goufe schwéier beschiedegt ma et koume keng Persounen zu Schued. Nach um Mëttwoch koum de Mann virun den Untersuchungsriichter, deen hien op Schraasseg geschéckt huet.