
Nodeems e Méindeg de Moie schonn eng Persoun zu Izeg a mëttes e Kand zu Zolwer ugestouss gi waren, geet d’negativ Serie op eise Stroosse weider. Dës Kéier gouf eng Persoun vun engem Moto erfaasst a blesséiert. Geschitt ass dat Ganzt géint 7 Auer zu Beetebuerg an der Lëtzebuerger Strooss.
Do virdru war et eng Kollisioun tëscht zwee Ween um CR165 tëscht Keel an Näerzeng, dat eppes kuerz no 6 Auer. Dräi Gefierer krute sech iwwerdeems nach géint 9.30 Auer op der N6 tëscht Capellen an dem Wandhaff ze paken. Hei ass et beim Materialschued bliwwen, de CGDIS huet nämlech kee Blesséierte gemellt.