“Loosst et wgl net zou, dass d’Affer vun enger Vergewaltegung oder engem Mëssbrauch sou vill méi Konsequenzen huet wéi den Täter.” Dat war d’Schlusswuert vun der Co-Petitionairin Liv Jeitz an der Chamber. Do gouf d’Petitioun 2129 debattéiert, déi méi adequat Strofe bei Vergewaltegung a sexuellem Mëssbrauch freet, esou wéi och, dass d’Persoun, déi d’Dot begaangen huet, net op Sursis verurteelt gëtt. Duerch e Gesetz vun 2018 gëllt nämlech prinzipiell de Sursis, wann eng Persoun fir d’éischte Kéier viru Geriicht ass.
D’Petitionärin Diane Schaefers schafft selwer mat traumatiséierte Kanner a Jonken zesummen a kennt d’Sequellen, déi no esou enger Erfarung e Liewe laang bleiwen.
En neie Gesetzesprojet fir d’Sexualstrofrecht gouf de Januar deposéiert an d’Petitionärinnen hunn allebéid begréisst, dass den neien Text vill Punkten, wéi zum Beispill d’Verjärung schonn ofdeckt. Dowéinst war d’Diskussioun ronderëm de Sursis en Haaptuleies. Als Beispill huet Diane Schaefers d’Erfarung vun hirer Co-Petitionärin Liv Jeitz genannt. Si hat mat dräi anere jonke Fraen eng Plainte deposéiert an den Täter huet d’Dot och viru Geriicht zouginn. Obwuel méi Persounen involvéiert waren, gouf de Mann trotzdeem als “Ersttäter” gesinn an op Sursis verurteelt. Virun allem, wann eng Persoun iwwer Jore méi Leit vergewaltegt, dierft de Sursis net gëllen, hunn d’Liv Jeitz an d’Diane Schaefers ënnerstrach.
D’Justizministesch Sam Tanson sot doropshin, dass hir d’Diskussioun iwwert de Sursis wuel bewosst wier. Ma se stéing awer deem entgéint, wat Ugangs Mee och an der Chamber debattéiert gouf a wou sech déi meescht Deputéierten eens waren, dass d’Prisongsstrof keng Léisung ass an och dacks net dozou féiert, dass ee net méi réckfälleg gëtt duerno. D’Ministesch huet awer ënnerstrach, dass et zwar e Prinzip fir de Sursis bei enger éischter Strofdot gëtt, mä dass de Riichter oder d’Riichterin och entscheede kann, dee net ze applizéieren. An deem Fall muss begrënnt ginn, wisou de Sursis net gesprach gëtt, mee d’Méiglechkeet géing et awer ginn.
Dat wier de juristesche Kader, an deem ee sech kéint beweegen, esou d’Justizministesch Sam Tanson. E Gesetzestext fir d’Sexualstrofrecht ass jo schonn an d’Weeër geleet ginn. Ma den Debat hätt awer nei Notiounen ervirbruecht. Ganz konkret wëll d’Ministesch d’Propose vun de Petitionärinnen, eng obligatoresch Therapie fir den Täter oder d’Täterin anzeféieren, préiwe loossen. Dat sot d’Justizministesch nom Huis Clos mat den Deputéierten.