
E Sonndeg den Owend kuerz virun 20 Auer sinn op der Streck tëscht dem Schumannseck an dem Pommerlach zwee Autoen aneneegerannt. Eng Persoun gouf bei deem Accident blesséiert. Am Asaz waren d'Pompjeeë vum Stauséi an d'Ambulanz vu Wolz. Wéi d'Police um Méindeg de Moie mellt, ass éischten Informatiounen no een Auto deem aneren hannendrop gerannt, nodeems dësen ofgebremst hat. Den Alkoholtest beim Chauffer am zweeten Auto war positiv an e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt. D'Automobilistin aus dem éischten Auto koum fir eng Kontroll an d'Spidol.
Kuerz no 21 Auer huet et zu Sandweiler an der Rue de Contern amKeller vun engem Gebai gebrannt. D'Pompjeeë vun Hesper, Mutfert a Sandweiler waren op d'Plaz geruff ginn, fir ze läschen. Och d'Ambulanz vum Findel war am Asaz. Zwou Persoune goufe verwonnt.