
Et klengt ofgedroschen, mee huet ëmmer nach seng Richtegkeet: Den Internet vergësst net. Dat betrëfft och, a besonnesch Fotoen, déi net fir d’Allgemengheet geduecht sinn. Fotoen, déi sech Jonker, dacks an der Koppelen zouschécken, lande reegelméisseg am Internet respektiv op den Handye vu Kolleegen a Bekannten, wat kann déifgräifend Konsequenze fir d’Affer hunn.
“Besonnesch bei deenen ‘Nudes’, kann et esou wäit goen, dass Kanner oder Jugendlecher sech d’Liewen huelen”, seet d’Ana Pinto, Presidentin vun der Associatioun “D’Stëmm vun den Iwwerliewenden”. Dofir begréisst si och, dass d’Strofrecht ugepasst gëtt fir méi staark géint d’Cyberviolence virzegoen.
Et wier vill méi einfach gi verschidde Forme vun Infraktiounen ze maachen, duerch d’Entwécklung vun der Technologie a vun de soziale Medien, begrënnt d’Justizministesch Elisabeth Margue de Schrëtt vun der Nobesserung. Contenue kënne méi séier verbreet ginn.
Duerch d’Ännerung am Gesetz sollen dofir an Zukunft verschidde Voleten ofgedeckt ginn. Ënner anerem de sougenannte Cyberflashing, wat heescht, dass eng Persoun, ouni dass se gefrot huet, Biller mat sexuellem Inhalt zougeschéckt krut. Dës Persoun kann dann eng Plainte maachen. Awer och, wann eng Persoun esou Biller anere Leit weist, se ëffentlech mécht oder verschéckt, steet mam neie Gesetz ënner Strof. Dat selwecht gëllt fir de sougenannte “Sextortion”, also wann een eng Persoun mat esou Biller erpresst. Zwar géing een eng ganz Rei Saachen och haut schonn op der Basis vun normalen Dispositiounen iwwert den Harcèlement kënne poursuivéieren, mee et hätt ee weider nogebessert, seet d’Ministesch. Doriwwer eraus gouf och den Harcèlement de groupe an den neien Text geschriwwen an den Online-Stalking.
Wat d’Strofen ugeet, géing natierlech vun der Strofdot ofhänken. “Mir probéieren eng Graduatioun doran ze bréngen”, betount d’Elisabeth Margue. Wann eng Persoun mat Biller erpresst gëtt, kéint d’Strof zum Beispill méi héich ginn. Fir d’Verbreede vu sexuellen Inhalter wiere Prisongsstrofe vu 6 Méint bis 5 Joer an/oder Geldstrofe vun 251 bis 5.000 Euro méiglech. Wann esou eng Infraktioun da géint e Mineur gemaach gëtt, kéinten nach Circonstances aggravantes dobäikommen an d’Prisongsstrof vun 2 op 5 Joer eropgoen.
Besonnesch an de Schoule géing de Problem vun der Cyberviolence ëmmer méi grouss ginn, seet d’Ana Pinto. Mobbing an Harcèlement géingen, duerch den Internet, Doheem net méi ophalen. Vun der Upassung vum Gesetzestext erwaart ee sech, dass d’Riichter eng Handhab hunn. Et hofft een awer och, dass Fäll net sans suite klasséiert ginn. “Wat mir fäerten ass, dass da ganz vill Saachen am Gesetz stinn, mee well mer net genuch Polizisten hunn oder Personal um Geriicht, dass dës einfach ouni Suitte klasséiert ginn”, erkläert d’Presidentin vun der “Stëmm vun den Iwwerliewenden”. Eng weider Suerg ass, dass et net dierft Joren daueren, bis e Beschëllegte virun e Riichter kéim.
Beim Ausschaffe vum Gesetzestext war “D’Stëmm vun den Iwwerliewenden” awer just limitéiert bedeelegt. Den 2. Juli zejoert wier een an der Chamber gewiescht, nodeems een eng Proposition de loi mat 57 Amendementer ausgeschafft hat. “Do krute mer gesot, mir kéinten an d’Kommissioun kommen, fir dës ze erklären. Dat ass awer ni geschitt”, erkläert d’Ana Pinto. Et hätt een hir Proposition de loi awer wuel analyséiert a verschidde Saache géingen hiren Néierschlag am Gesetzestext fannen, wéi d’Verschwanne vum Sursis bei Vergewaltegung oder de Contrôle coercitif, eng Form vu Gewalt, déi net direkt siichtbar ass. Heibäi handelt et sech ëm de Kontroll, dacks duerch e Partner. Andeems deem aneren Angscht gemaach gëtt an en isoléiert gëtt.
De Projet de Loi zu der Cyberviolence ass antëscht duerch de Regierungsrot a gëtt an den nächsten Deeg an der Chamber deposéiert. Elo géing een hoffen, dass ee sou séier wéi méiglech vum Staatsrot aviséiert géing ginn, seet d’Elisabeth Margue. Eréischt dono kann en an der Chamber gestëmmt ginn.