"Recht op Selbstbestëmmung"Petitioun fir d'Heeschen ze erlaben, huet néidege Seuil schonn erreecht

RTL Lëtzebuerg
D'Petitioun, déi fuerdert, dass d'Heeschen zu all Zäit an iwwerall erlaabt ass, huet den néidege Seuil vun 4.500 Ënnerschrëften elo schonn erreecht.

Domat gehéiert se wuel zu de Petitiounen, déi déi néideg Signaturen am Séierste beieneen haten.

Wann déi zoustänneg Chamberkommissioun gréng Luucht gëtt, dann dierfen d’Auteure vun der Petitioun hir Argumenter a Fuerderungen an der grousser Plenière virdroen.

D’Auteure soen d’Heeschen wär en Deel vum Recht op Selbstbestëmmung.

Si beruffe sech op den Artikel 8 vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun.

Back to Top
CIM LOGO