
Et kënnt an der Chamber zu engem ëffentlechen Debat iwwert déi geplangte Reform vun der Formatioun vun den Educateuren an Educatricen.
Den Debat ass fir d'Rentrée geplangt, en Datum gëtt et nach net. No der Annonce vum Educatiounsminister Claude Meisch, fir dem Educateurmanktem mat enger paralleller verkierzter Formatioun vun engem Joer entgéintzetrieden, waren d’Acteuren um Terrain direkt Stuerm dogéint gelaf.