
Am Fall vun enger stënterlecher a kompletter Ënnerbriechung vun der Versuergung vum Land mat Pëtrolsproduite stéingen den Tankstatiounen a Revendeuren hei am Land esouwuel déi kommerziell Stocke wéi och d’Sécherheetsstocken zur Verfügung.
Insgesamt gi permanent op d’mannst 45 Deeg Sécherheetsstocken an der Regioun stockéiert an dovun op d’mannst fir 8 Deeg um nationalen Territoire. Dat äntwert den Energieminister Turmes op eng entspriechend parlamentaresch Fro iwwer d’Pëtrolsreserve vun der ADR.
All d’Kommodo-Autorisatioune fir d’Pëtrolsdepoten zu Bartreng, Hollerech an um Findel, déi bis 2020 ausgelaf sinn, goufe verlängert. De grénge Minister geet dann och dervun aus, datt de Verbrauch vum Pëtrol iwwer déi nächst Jore wäert erofgoen, sou datt d’aktuell Tanklager duerginn a keng nei Capacitéite musse gebaut ginn.