
Dräi Méint laang goungen d’Pëtrolspräisser erop, mee deen Trend gouf am Dezember gebrach. Am Verglach zum Virmount war de Bensinn am Dezember eng 6,8 Prozent méi bëlleg, fir den Diesel huet ee 4,5 Prozent manner bezuelt. Beim Masutt war et souguer eng Baisse vu 7,6 Prozent am Verglach zum November. Trotz där Baisse bleiwen d’Pëtrolspräisser ronn 46,9 Prozent méi deier, wéi am Dezember 2020.

Am Verglach zum Virmount sinn d’Liewensmëttelpräisser ëm 0,2 Prozent geklommen. Virun allem frëscht Geméis gouf méi deier (+5 Prozent), mee och Couscous (+3,5 Prozent) a frësche Fësch (+3,2) goufe méi deier. Frësch Friichten (-3,8 Prozent), Bëbeesiessen (-2 Prozent) a gefruere Mieresfriichten (-2 Prozent) goufen allerdéngs méi bëlleg. De Präis fir alkoholescht Gedrénks ass ëm 0,5 Prozent erof gaangen.

Flich waren, virun allem wärend der Vakanzenzäit, am Dezember ronn 22,1 Prozent méi deier, wéi nach am November. Spiller a Fräizäitartikele sinn am Dezember wéinst verschiddene Promotiounen allerdéngs am Schnëtt 11 Prozent méi bëlleg gewiescht, wéi nach am November.