De Lëtzebuerger Finanzminister zitt 4 provisoresch Conclusiounen aus den italienesche Parlamentswahlen.
De Pierre Gramegna war e Méindeg de Moien den Invité vun der Redaktioun. Zwou Anti-Systemer gewanne Wahlen, d'Mëtt-Riets-Koalitioun ass vir mä erreecht keng 40%, fir d'Sozialisten ass et eng grouss Defaite an et gëtt e Generatiounswiessel an Italien.
Et wier elo eng komplizéiert Situatioun, d'Koalitiounsverhandlungen annoncéiere sech schwiereg. Wat den italienesche Vott fir Europa bedeit, ass am Moment nach schwéier ofzeweien. Et misst ee lo kucken, wéi zum Beispill eng Lega sech an europäesche Froe verhält.
Op ville Plazen ass Rieds, datt Italien den doudkranke Mann an Europa wier, de Pierre Gramegna relativéiert esou Aussoen, d'Verschëldung wier zwar ganz héich, mä et hätt een eigentlech d'Kéier sou wäit kritt an Italien. De Pierre Gramegna wëll jiddefalls keng finanziell Horrorszenarien zeechnen. D'Riets-Koalitioun hätt allerdéngs finanziell Verspriechunge gemaach, déi net anzehale wieren.
Trotzdem ass de Lëtzebuerger Minister mat italieneschen Originnen zouversiichtlech. An Italien hätte se nach ëmmer eng Léisung fonnt an och mat instabille Regierunge wier een ëmmer duerch de Bësch komm.
Fir Europa wier et wichteg, datt Europa mat Italien e kredibele Partner hätt. De Stabilitéit a Wuesstemspakt sollt agehale ginn.
De Pierre Gramegna geet dovunner aus, datt et op de Mäert gewëssen Agitatioune wäert ginn.
Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moien um kuerz no 8 Auer war de Lëtzebuerger Finanzminister.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren