
An der Emissioun e Samschdeg hat de Franz Fayot annoncéiert, datt Kommissiounen, déi d’Immobilière bei der Vente vu Wunnengen an Haiser kréien, sollen erofgesat ginn. Et sinn d’Piraten, déi drun erënneren, datt si net méi spéit wéi virun zwou Wochen eng Gesetzespropositioun deposéiert haten, wouranner genee esou eng Limitatioun vun de Kommissioune gefrot gouf.
D’Pirate wëlle verhënneren, datt d’Regierung Decisiounen hëlt, ouni d’Chamber mat anzebannen, sou datt gefrot gëtt, datt de Minister Fayot soll an d’Chamber kommen, fir seng Propositiounen ze erklären an ze diskutéieren.
Proposéiert gëtt eng Commission jointe “Ekonomie” an “Logement”.
Eng entspriechend Demande hunn d’Piraten e Méindeg de Moien un de Chamberpresident geschéckt.