
Domadder géif d’LSAP 1 Sëtz, d’DP 2 Sëtz, d’CSV 3 Sëtz an d’ADR 1 Sëtz kréien. Hei de kompletten Iwwerbléck!
An d’Chamber gewielt wieren domadder folgend Kandidaten:
Martine Hansen mat 20.160 Stëmmen

Christophe Hansen mat 17.464 Stëmmen

Charel Weiler mat 14.483 Stëmmen

Emile Eicher mat 13.296 Stëmmen

Fernand Etgen mat 10.529 Stëmmen

André Bauler mat 10.057 Stëmmen

Claude Haagen mat 9.076 Stëmmen

Jeff Engelen mat 8.153 Stëmmen

Ben Polidori mat 4.804 Stëmmen

Als e batteren Owend bezeechent de Grénge-Politiker Claude Turmes de Walowend an enger éischter Reaktioun. Seng Partei huet jo deen 1 Sëtz am Bezierk verluer.
De Claude Haagen reagéiert enttäuscht dorop, datt et net duergoung fir en zweete Sëtz.
De Ben Polidori freet sech iwwer d’Resultat vun de Pirate bei de Chamberwalen 2023. Seng Partei huet 1 Sëtz am Bezierk Norde gewonnen.