De Forum pour l'emploi feiert seng 20 Joer.
D'Beschäftegungsinitiativ begleet Leit, déi Schwieregkeeten hunn, eng Aarbecht ze fannen, sief et wéinst hirem Alter, Manktem u Qualifikatioun oder engem Handicap.
Et geet drëm, dës Leit nees op den regulären Aarbechtsmaart ze kréien.
De Generaldirekter vum Forum pour l'emploi Pit Winandy huet um Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview erkläert, datt sech d'Aarbecht an de leschte Joerzéngten an deem Sënn geännert huet, datt ee méi Leit muss betreien an datt et bis zu 45 verschidden Nationalitéite sinn.
D'Servicer vun der Beschäftegungsinitiativ wieren an deem Sënn ugepasst a professionaliséiert ginn.
Eng nei Erausfuerderung ass d'Digitaliséierung.
De Forum pour l'emploi huet eng 100 fest Salariéen, déi 380 Chômeure betreien an e gëtt zu 70% vum Aarbechtsministère ënnerstëtzt.
Invité vun der Redaktioun war de Generaldirekter vum Forum pour l’emploi.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren