
Nodeems de Franz Fayot nom Depart vum Etienne Schneider an d'Regierung nogeréckelt ass, huet den Affekot missten de Poste vum Parteipresident ofginn. Dofir gëtt um nächsten LSAP-Kongress e neie President gewielt, ee Posten, fir dee sech déi aktuell Deputéiert a fréier Staatssekretärin Francine Closener interesséiert gewisen hat.
Dës Kandidatur kritt lo op d'mannst eng Géigekandidatur. An zwar schreift de Pitt Klein op sengem Facebook-Kont, datt hie sech déi eemoleg Chance net wëll entgoe loossen, fir méiglechen neie Parteipresident ze ginn.
De Post gouf am Laf vum Dag geläscht.
Wéi de Member vun de Stater Sozialisten schreift, géif hien am Fall vun engem positive Vott "alles an 100% fir d'Zukunft vun der Partei" ginn.
Den Delai, fir weider Kandidature fir de Presidente-Posten bei de Sozialisten ze stellen, leeft iwwerdeems nach.