Chauffer vu wäissem Polo gesichtPolice mécht Zeienopruff no Accident vum 8. Mee

RTL Lëtzebuerg
Viru knapp zwou Wochen, den 8. Mee owes, gouf et zu Monnerech an der route d'Esch e schwéiert Accident.

E Chauffer ass an e Bam gerannt an uerg verwonnt ginn.

D'Enquête huet erginn, datt direkt nom Ongléck e Chauffer mat engem wäisse VW Polo op der Plaz war.

D'Police sicht elo no där Persoun oder aneren Zeien. All Informatioun ass fir d'Commissariat Porte du Sud. Um Telefon 244 57 1000.

Accident zu Monnerech: Ee Blesséierte bei Auto géint Bam

Back to Top
CIM LOGO