
Weider huet een erausfonnt, datt schonn e Fuerverbuet géint de Chauffer existéiert huet. De Won gouf saiséiert.
Kuerz no 22 Auer e Sonndeg war den Alkoholtest bei engem weideren Automobilist positiv, awer net iwwer 1,2‰.
Zu Ettelbréck hunn zwee Chaufferen de Permis missen ofginn.
E Sonndeg den Owend war dann nach eng Fra op der N27 zu Lëlz mat hirem Gefier an de Gruef geroden. Déi alkoholiséiert Automobilistin war nom Accident liicht duercherneen an ass de Leit vum Rettungsdéngscht géigeniwwer handgräiflech ginn. D'Fra, déi beim Accident net blesséiert gouf, huet hire Führerschäi missen ofginn an huet ee provisorescht Fuerverbuet kritt.