Uechter d'LandPolice mellt vill Abréch vun en Donneschdeg op e Freideg

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem gouf zu Koplescht e Vëlo matgoe gelooss. De Verdächtege konnt ermëttelt ginn, den Drotiesel gouf saiséiert.

Donieft ware vun en Donneschdegnomëtteg bis e Freidegmoien eng Partie Onéierlecher um Sennengerbierg, Lampertsbierg, Mamer, Rammerech, Polvermillen an an der Stad ënnerwee. Geklaut goufen ënnert anerem Boergeld a Bijouen.

Donieft mellt d'Police en Accident zu Mäerzeg. En Donneschdeg géint 17.30 Auer ass en Automobilist engem aneren an der Rue Principale drop gefuer. Den Automobilist gouf dobäi liicht blesséiert. Den Alkoholtest ass bei him positiv ausgefall.

Back to Top
CIM LOGO