Um 1.15 Auer an der Nuecht gouf zu Miersch e Bancomat vun der Post gesprengt. Dobäi si Stécker duerch d'Loft geflunn a Sue goufe geklaut. D'Police huet eng Enquête lancéiert, ma aktuell läit nach kee Resultat vir, et geet ee verschiddene Pisten no.
D'Postgebai ass nëmmen eng ronn 100 Meter Loftlinn vum Mierscher Policebüro ewech. Dee Policebüro funktionéiert 24 Stonnen den Dag, 7 Deeg an der Woch.
Och Detailer iwwert d'Sprengung an d'Täter ginn et nach keng. Eréischt een Dënschdeg gouf et een ähnleche Virfall bei der Raiffeisekees zu Réimech. D’Police sicht elo no engem metallic-bloe Ford Kuga mat der belscher Plack 1HCK490.
D'Post wollt de Virfall allerdéngs net kommentéieren. E puer Leit, déi an der Géigend wunnen, hunn eis awer matgedeelt datt et an der Nuecht ferm geknuppt huet. D'Zommen, déi an de Geldautomate sinn, sinn allerdéngs geheim, sot eis e Vertrieder vun der Associatioun vu Banken a Banquieren.

Bannent 4 Méint goufen zejoert zu Nidderaanwen, Heischent an am Park Housen Geldautomate gesprengt. De Modus Operandi war 3 mol deen Nämmlechten. D’Täter hunn iwwert een Schlauch eng Mëschung aus Gas an de Geldautomat gefëllt. Du gouf dat Ganzt mat Hëllef vu enger Zündung explodéiert. Duerch d’Wucht gouf de Bancomat aus der Verankerung gerass an d'Schäiner hunn nach just brauchen agesammelt ze ginn. Eng Spur hat an Holland gefouert, wou d’Methode ewell zënter Jore bekannt ass.

Een Deel vun de Banken hunn hir Bancomaten besser ofgeséchert. D’Automate goufe beispillsweis mat Belëftungsschachte geséchert. Nieft Faarwpatrounen, déi d’Schäiner onbrauchbar maachen, ginn d’Automaten och mat Gasdetekteren equipéiert. Dobäi kënnt, dat och den Alarm ausgeléist gëtt. D’ABBL huet déi nächst Woch dann och eng Krisesëtzung mat de Banke geplangt, fir iwwert nei Sécherheetsmesuren ze diskutéieren. Bei eisen däitschen Nopere goufen zejoert méi ewéi 300 Bancomate gesprengt, esou d’Bundeskriminalamt.

De Büro vun der Mierscher Post bleift elo mol bis op Weideres zou.
D'Police freet no Zeien, déi tëscht Mëtternuecht an 2 Auer Verdächteges gesinn hunn: Si froen d'Populatioun, ob engem een Auto opgefall wier, mat deem d'Täter komm wieren oder soss verdächteg Leit oder Gefierer ronderëm d'Plaz vun der Dot.
All Info ass fir den 113.