
D’Police warnt viru falschen Handwierker. Zu Lëtzebuerg sollen ëmmer méi Persounen, respektiv Firmen, ënnerwee sinn, déi Handwierksaarbechten ubidden an dobäi en onseriöt Verhalen opweisen. Et géif Kontakt mat de Leit opgeholl ginn, andeems déi Onéierlech net ugekënnegt bei engem virun der Dier stinn, respektiv och mat Hëllef vu Flyeren a Prospekter.
D’Offere géife virun allem Opträg am Beräich vu Botzaarbechten am Bausseberäich, wéi dem Botze vu Fassaden oder Afaarte, betreffen. Awer och Sanéierunge vum Daach ginn hei ugebueden.
Fir dës onseriö Servicer ginn dann héich Präisser gefrot an d’Sue mussen deels virgestreckt ginn, dacks ginn d’Aarbechten awer guer net, oder just zum Deel, gemaach an d’Handwierker sinn dono guer net méi ze erreechen. Et besteet awer och de Verdacht, dass Clienten duerch onkloer Versprieche vu Leeschtungen, Zäitdrock an iwwerhéichte Fuerderungen dozou beweegt ginn, ze bezuelen.
D’Police gëtt der Populatioun eng Rei Recommandatioune mat op de Wee, fir net op dës Tricken eranzefalen. Ënner anerem soll op Offeren opgepasst ginn, déi net professionell wierken. D’Donnéeë vun der Firma sollen iwwerpréift ginn. Och en detailléierten Devis an eng Rechnung si wichteg. Virun allem gëtt geroden, keng héich Zomme Boergeld ze bezuelen.