Bilateralen Accord am JanuarPolice-Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg a Frankräich trëtt am Mäerz a Kraaft

RTL Lëtzebuerg
De 25. Januar hat den Inneminister Léon Gloden a säi franséischen Homolog Gérald Darmanin entspriechend administrativ Accorden ënnerschriwwen.
© RTL Archivbild

Dës Arrangementer erlaben et de Patrullen, méi einfach Kontrollen op der Strooss an am Zuchreseau duerchzeféieren.

Virun allem en vue vun den Olympesche Spiller am Summer géif dat e grousse Virdeel duerstellen, wéi awer och beim gemeinsame Wëllen, fir d’Sécherheet am Schengenraum generell ze verbesseren.

E Mëttwoch kruten d’Deputéiert aus der Interieurskommissioun vum Minister méi Detailer.

Dat Ganzt trëtt deemno an 22 Deeg, respektiv den 1. Mäerz schonn a Kraaft. Eng Ratifikatioun duerch d’Chamber wier net néideg.

Back to Top
CIM LOGO