No Entretiensaarbechten an der Staumauer LoumillenPompelspäicherwierk Veianen elo energeetesch nach méi autark

Marc Hoscheid
Dat klengt Kraaftwierk hëlleft, dat grousst Kraaftwierk quasi a schwéieren Zäiten um Liewen ze hale respektiv den Eegebedarf ze decken.

Wann ee vu Stroumproduktioun zu Lëtzebuerg schwätzt, da kënnt een net laanscht d’Pompelspäicherwierk vu Veianen. Eng vun de gréissten Zentrale vun där Zort an Europa. Ma fir datt d’Wierk funktionéiere kann, braucht et selwer Stroum. Dëse gëtt zum gréissten Deel op der Loumillen an der Entrée vu Veianen produzéiert. Rezent goufen déi technesch Installatiounen an der Staumauer komplett erneiert. De Marc Hoscheid war sech an d’Éislek ee Bild maachen.

Pompelspäicherwierk Veianen elo energeetesch nach méi autark
Dat klengt Kraaftwierk hëlleft, dat grousst Kraaftwierk quasi a schwéieren Zäiten um Liewen ze hale respektiv den Eegebedarf ze decken.

Se ass schwéier ze iwwersinn. Direkt nieft dem Veianer Kierfecht läit d’Staumauer Loumillen. D’Bauwierk ass 30 Meter héich an uewen 130 Meter breet. Am Kader vun engem Konschtprojet sinn zanter 2 Joer d’Gesiichter vun Aarbechter, déi beim gehollef hunn, op der Mauer ze gesinn. 300 Millioune Kubikmeter Waasser lafen all Joer duerch de Barrage, fir Stroum ze produzéieren. Dee gëtt awer net an d’Netz agespeist.

Michel Bultgen (Chef-Projet Loumillen): “Dat heite klengt Kraaftwierk hëlleft eis, dat grousst Kraaftwierk quasi a schwéieren Zäiten um Liewen ze hale respektiv eisen Eegebedarf ze decken. Mir hunn déi Maschinnen elo och sou ëmgebaut, datt an der Zäit wa mer effektiv ee grousse Stroumausfall hätten, mat der klenger Maschinn a mat der grousser Maschinn jeeweils ee Schwaarzstart duerchféiere kéinten.”

Am Moment leeft nach réischt nëmmen déi grouss Turbinn, ma déi kleng kënnt awer geschwënn och an den Asaz. Am Joer gëtt hei sou vill Stroum produzéiert, datt domadder 2.500 Menage versuergt kéinte ginn. Fir d’Ëmwelt ze schounen, goufe Lager agebaut, déi net méi mat Ueleg, mee mat Waasser geschmiert ginn. Nieft de mechaneschen, goufen och déi elektresch Anlagen erneiert. Duerch den Asaz vun Touchscreene soll d’Bedreiwe méi einfach ginn. Am Ganzen huet den Ëmbau ronn 4 Milliounen Euro kascht. Vun hei aus gëtt d’Häerzstéck vun der Société Électrique de l’Our, kuerz SEO, e puer Kilometer weider a Richtung Stolzebuerg bedriwwen.

Tom Hollerich (Responsabelen Engineering): “Mir sinn hei an der Caverne vun der Maschinn 1-9, dat sinn déi éischt néng Maschinnen, déi gebaut goufen. Déi hunn 900 Megawatt, spéider koum nach eng Maschinn mat 200 Megawatt dobäi an 2014 gouf eis 11. Maschinn mat nach eng Kéier 200 Megawatt dobäi installéiert. Mir kommen dann op eng Gesamtleeschtung vun 1.300 Megawatt.”

Mat där Leeschtung kéint theoretesch ganz Lëtzebuerg wärend e puer Stonne versuergt ginn. Een Ausbau vun der Zentral, déi 1964 a Betrib geholl gouf, ass net geplangt. Aktuell wier een domadder ausgelaascht, d’Maschinnen no an no op deen neiste Stand vun der Technik ze bréngen. Op der Loumillen soll een awer elo mol eng länger Zäit roueg sinn. Op d’mannst 30, am Idealfall esouguer 50 Joer.

Back to Top
CIM LOGO