WëntgerPompelstatioun iwwerfall a Verkeefer mat Messer menacéiert
Géint 18.50 Auer en Dënschdeg sinn zwee Männer zu Wëntger an eng Pompelstatioun eragaangen, hu 6 Fläsche Whiskey geholl a wollte goen, ouni ze bezuelen.
Wéi si vum Verkeefer zur Ried gestallt goufen, hu si hie mat engem Messer menacéiert a sinn an der Suite mat engem däischteren Auto mat auslännesche Placke geflücht.