PolicebulletinPortmonni aus Auto geklaut, eng Rei Parfumsfläschen aus Buttek matgoe gelooss

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vun en Dënschdeg hat d'Police et mat enger Rei Déif ze dinn.
© Laurent Weber

Zu Diddeleng krut d’Police am Nomëtteg en Abroch an e Gefier an d’Rue de la Paix gemellt. Hei huet en onbekannten Täter d’Gefier opgebrach an e Portmonni mat Boergeld geklaut.

Da gouf et nach eng Rei Déifställ aus Geschäfter: Och en Dënschdeg am Nomëtteg hat e Mann an engem Buttek an engem Akafszenter um Kierchbierg versicht, eng Rei Parfume matgoen ze loossen. Hie gouf vun enger Policepatrull gestallt, déi geklaute Parfume goufe saiséiert.

Am spéiden Nomëtteg dann en Déifstall aus engem Geschäft op der Areler Strooss zu Stroossen. Och dësen Déif hat eng Rei Artikele geklaut a gouf vu Polizisten erwëscht. Déi geklaute Géigestänn goufe saiséiert, wéi och eng Bankkaart.

Owes koum et dunn op der Place Guillaume an der Stad zu zwee Déifställ aus Butteker, Täter waren a béide Fäll e Mann an eng Fra. Si konnte kuerz noenee vun der Police ugehale ginn, och hei goufen déi geklaute Géigestänn saiséiert.

An alle Fäll gouf op Uerder vum Parquet Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO