Nei Buergermeeschteren no Regierungsbildung (Deel 3)Portrait vun der neier Maacher CSV-Buergermeeschtesch

Fanny Kinsch
D’Monique Hermes ass “total begeeschtert” vun der Geschicht vu Gréiwemaacher.
Nei Buergermeeschteren no Regierungsbildung (Deel 3) - Monique Hermes
Portrait vun der neier Maacher CSV-Buergermeeschtesch

Nodeems si 12 Joer laang Kultur- a Schoulschäffe vun der Muselstad war, huet d’Monique Hermes elo d’Successioun vum Léon Gloden als Buergermeeschtesch iwwerholl.

D’Geschicht vu Gréiwemaacher ass der 73 Joer aler fréierer Enseignante hir Passioun. Dat hätt domat ugefaangen, wéi viru méi wéi 40 Joer e Jumelage mat der franséischer Stad Aubière entstanen ass. Als Léierin hätt si mat Schoulklassen um Austausch mat der Zwillingsgemeng Deel geholl a sech dofir an d’Geschicht ageschafft.

“Vu bausse gesitt Der net déi immens Schätz déi Maacher ze bidden huet, ebe well et esou eng ganz al Stad ass mat enger herrlecher Geschicht, et war eng Festungsstad, alles dat hu mer Rechter a mir probéieren z’erhale fir d’Nowelt. Well nëmme wat ee vu senge Virgänger léiert kann ee gebrauche fir elo a kann een erhale fir d’Nowelt.”

D’Monique Hermes ass eréischt an der Pensioun an d’Gemengepolitik gaangen an als Zweetgewielt direkt Schäffin ginn. Den elo Ex-Buergermeeschter Léon Gloden, de Schäffe Marc Kréier an d’Schäffe Liane Felten sinn all fréier Schüler. Si wier houfreg, dass si elo déi éischt Buergermeeschtesch ass, domat gerechent hätt si awer net.

Déi wichtegst Prioritéite fir d’Gemeng wieren elo en neie Kulturzentrum, ugepasste Schoul-Infrastrukturen, eng nei Maartplaz, e Gemengenatelier a Wunnengen, dorënner och där abordabeler.

Deel 1: Schieren huet mam Jean-Paul Zeimes een neie Gemengepapp
Deel 2: Christian Weis: Wien ass den neien Escher Buergermeeschter?

Back to Top
CIM LOGO