EncevoPositive Bilan 2021, mä Marché weiderhi fragil

Sascha Georges
Serge Pauly
Och wann d'Geschäftszuele op engem änlechen Niveau wéi virun der Corona-Pandemie leien, bleift Encevo am Krisemodus. Den héije Gaspräis mécht Suergen.
Bilan Encevo 2021
D’Lag op de Mäert wier weider fragil, Encevo-Grupp confirméiert awer hir Stabilitéit

Ganz zefridden awer net “back to normal”, well et war e Krisejoer. An awer ass d’Resultat änlech ewéi virun der Pandemie, esou de Bilan 2021 vum Energie-Grupp Encevo, d’Mammenhaus vun ënnert anerem Enovos a Creos, dee mat engem Netto-Gewënn vun 79,7 Milliounen Euro zejoert, de Profit vun 2020 bal verduebelt huet.

Bilan Encevo / Reportage Sascha Georges

2021 stoung deemno am Zeeche vun der globaler Erhuelung. Nawell goufen et fir den Energie-Grupp Encevo eng Rei Erausfuerderungen. D’Ausleefer vun der Covid-Kris, d’Iwwerschwemmungen, déi fir Problemer am Reseau gesuergt hunn, an zënter dem Hierscht d’Präishaussen am Energieberäich. Mir ware konstant am Krisemanagement. Dowéinst si mer elo ganz zefridden, well d’Resultat änlech ass ewéi virun der Pandemie, seet den Encevo-General-Direkter Claude Seywert.

Zejoert goufen 268 Milliounen Euro investéiert, esou vill wéi ni virdrun, de gréissten Deel dovunner gouf an d’Moderniséierung vun de Reseauen an an den Ausbau vun der Infrastruktur, fir Elektroautoen ze lueden, gestach.

Déi aktuell geopolitesch Situatioun géing e grousse Riske fir de Stroum- a virop de Gasmarché matsechbréngen. Wéi sech d’Präisser laangfristeg entwéckelen a wat dat fir de Client bedeit, wier schwéier ze soen. D’Fro ass, wéi laang dauert de Krich. Déi nächst Méint kënne mer eise Präis halen. Mä duerno muss ee kucken, wéi sech d’Marchéen beweegen.

Méi wéi jee wier Dekarboniséierung an den Iwwergang bei erneierbar Energië wichteg. Speziell an d’Opriichte vu Photovoltaik-Anlagen, fir Solarstroum ze produzéieren, soll investéiert ginn. Siwe Projete konnten dat lescht Joer hei am Land ofgeschloss ginn, mat enger Gesamtkapazitéit vu 14,5 Megawatt. Encevo zitt et awer och ëmmer méi an d’Groussregioun. Esou gëtt an der Südäifel e grousse Photovoltaik-Park gebaut, dee bis 2023 eleng 200 Megawatt och op Lëtzebuerg liwwere soll. Mir hunn eng gutt Pipeline an Holland. An Däitschland hu mer e grousse Projet an och a Frankräich baue mer aus. Mir wëllen an der Groussregioun Fotovoltaik ausbauen, sou den Encevo-CEO Claude Seywer.

D’Direktioun vun Encevo ass zefridde mat de Projeten an den Zuelen, déi een um Mëttwochmoie presentéiere konnt. Mä et wär een nach ëmmer am Krisemodus, wéi hire CEO Claude Seywert erkläert: Ënnert dem Stréch ass d’Resultat änlech, wéi dat, wat mir virun der Pandemie haten, mä dat war vill haart Aarbecht. Ech géif net soen, dass mir ‘back to normal’ sinn. Mir sinn zënter dem Covid am Krisemanagement a mir sinn do mat der Ukrain-Kris nach net eraus.

Fir d’Cliente goung de Stroumpräis d’lescht Joer ëm 2,5 Prozent an d’Luucht. Dee vum Gas huet sech fir d’Cliente quasi verduebelt. Wäerten d’Präisser sech erëm berouegen, oder muss mat weideren Hausse gerechent ginn? Déi Responsabel vun Encevo wëlle sech net festleeën a verweisen op déi nervös a fragil Weltmarchéen. De Krich an der Ukrain, e méiglechen Gas-Embargo géint Russland, eng eventuell Relance vun der chinesescher Ekonomie... Dat alles hält d’Präisser op de weltwäiten Energiebourssen héich. Wann sech dat iwwert eng laang Dauer hinzitt, da wäerten d’Präisser fir Endcliente wieder an d’Luucht goen. Well mir am Viraus akafen, wësse mir, dass mir déi nächst Méint kee Problem hunn, fir eise ze halen. Mä duerno hänkt et dovunner of, wéi d’Marchéeë sech beweegen, esou den Enevos-Generaldirekter Claude Seywert, dee mëttelfristeg Präishaussen also net ausschléisse kann.

An engem Punkt sinn se sech bei Encevo sécher: d’Präisser wäerten warscheinlech net méi op dee selwechten Niveau wéi virun der Krise falen. Et sollt ee sech also dru gewinnen, Energie ze spueren.

PDF: Schreiwes vun Encevo

Back to Top
CIM LOGO