Mir wëllen d'Schouljoer propper ofschléissen. D'Schüler solle kee Schued hunn a prett si fir d'nächst Joer, dat sot de Claude Meisch en Donneschdeg.
Et ass eng extrem schwiereg an eng extrem komplex Situatioun, huet de Claude Meisch gemengt. Hie seet jidderengem Merci fir den Asaz an d'Flexibilitéit. Et hätt een et fäerdeg bruecht fir zesummen ze schaffen. Et wär ee méi no beienee geréckelt an et géif een alles maachen, fir datt d'Schouljoer net verluer wier.
E Mëttwoch hat den Educatiounsminister scho matgedeelt, datt d'Schoulen op d'mannst bis de 4. Mee wäerten zoubleiwen.