
Duerch d’Gerance vun der Nationallotterie ënnerstëtzt den Oeuvre Projeten an Organisatiounen, déi am Intérêt général vum Land aktiv sinn. Den Etablissement public steet ënner der Tutelle vum Staatsministère. De President vum Verwaltungsrot Pierre Bley gëtt säi Posten un d’Danièle Wagener of, déi bis ewell Vizepresidentin war. De fréieren Hofmarschall huet mam Datum vun en Donneschdeg seng Demissioun eraginn, obwuel hien u sech hätt kéinten de Conseil d’Administration vum Oeuvre bis 2024 leeden. Hie bleift och net méi Member am Verwaltungsrot.
D’Danièle Wagener, Éierendirektesch vun den zwee Stater Muséeën, iwwerhëlt deemno d’Spëtzt vum Oeuvre a mécht d’Mandat vum Pierre Bley fäerdeg.
Nei Vizepresidentin gëtt d’Andrée Billon, Éierendirektesch vun der CSSF. Déi entspriechend Nominatiounen huet de Grand-Duc Henri ënnerschriwwen.
No der Demissioun vum Pierre Bley si 14 Leit am Conseil d’Administration vun der Oeuvre - de Carlo Thelen ass Generalsekretär, Direkter ass den Emile Lutgen.
D’Nationallotterie huet d’Joer an der Moyenne e Chiffre d’Affaires vun engen 120 Milliounen a Revenue vun iwwer 20 Milliounen, déi der Oeuvre iwwerwise ginn.