Lëtzebuerger "Commissariat aux affaires maritimes"Presuméiert russesch Oligarche-Yacht kritt Immatrikulatioun ewechgeholl

RTL Lëtzebuerg
Hannergrond si Recherchë vum däitschen SWR.

D’Luxus-Boot mam Numm “Rahil” gehéiert der staatlecher Kontrollinstanz a Malta no dem Oligarch Arkadi Rotenberg.

Mat enger kuerzer Ënnerbriechung ginn et zanter 2014 EU-Sanktioune géint dee Mann.

D’Yacht war bis September 2020 a Malta registréiert a fiert zanter Juli zejoert ënnert dem Lëtzebuerger Fändel.

De Chef vum der Lëtzebuerger Autoritéit fir Schëfffaart Robert Biwer huet dem SWR schrëftlech matgedeelt, dass d’Boot net méi ënnert dem Lëtzebuerger Fändel fueren däerf.

Den offizielle Pabeieren no gehéiert d’Yacht enger Firma mat Sëtz op de Virgin Islands. Mä maltesesch Autoritéite ginn dovun aus, dass den eigentleche Proprietär en Oligarch ass, deen e Jugendfrënd vum russesche President Wladimir Putin ass. Deem seng Affekoten dementéieren.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO