Fra wollt a Bijouterie zu Déifferdeng klauenPresuméiert Täterin gouf vu Vendeuse no Handgräiflechkeete virun d'Dier gestouss

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police schreift, hat eng Fra sech an enger Bijouterie zu Déifferdeng Bijoue weise gelooss a wollt déi du klauen.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

E Samschdeg wier d’Fra géint 16 Auer am Buttek opgedaucht, wou si sech e puer Ketten a Bracelete weise gelooss huet. Déi waren an enger sougenannter Bijousrull. No där hätt d’Fra op eemol gegraff a wollt sech ewechmaachen. D’Vendeuse war op Zack an huet d’Rull fest ugehalen. Wéi d’Police weider schreift, wier et dunn zu Handgräiflechkeeten un der Théik komm.

Um Enn ass et der Vendeuse gelongen, dass d’Fra lassgelooss huet. Si konnt déi Onbekannt souguer virun d’Dier stoussen. Déi ass dono an d’Rue Michel Rodange geflücht. Eng Sichaktioun war ouni Succès.

Back to Top
CIM LOGO