
Bei der Kontroll goufe 26 Bulle Kokain séchergestallt, déi deelweis am Mask verstoppt waren. Well de Verdacht do war, dass d'Persoun weider Bulle kéint ofgeschléckt hunn, gouf eng klinesch Kontroll vum Parquet ordonéiert. An hei goufen nach eemol 14 Bullen am Kierper vum presuméierten Dealer.
De Parquet huet ordonéiert, fir de Mann festhuelen ze loossen. De presuméierten Täter koum e Freideg de Moie virun den Untersuchungsriichter.