Bei der Stater GarePresuméierten Drogendealer festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Géint 18.15 Auer en Dënschdeg den Owend war eng Policepatrull an der Stroossbuerger Strooss op e Mann opmierksam ginn.

Wéi dësen d’Beamte gesinn huet, wollt hie séier fortgoen. D’Polizisten hunn hien doropshi kontrolléiert. Dobäi goufen eng Partie Plombe mat Droge séchergestallt. Dës goufe genee wéi en Handy a Boergeld saiséiert an de Mann gouf festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO