
Bei der Kontroll huet sech de Verdacht verstäerkt, datt et sech bei hinnen ëm een Drogendealer an ee vu senge Clienten handele kéint. Bei presuméierte Keefer goufe fënnef Kugele Kokain fonnt, eng Kugel gouf beim presuméierten Drogendealer fonnt.
De Parquet huet doropshin ee Scan ordonéiert, woubäi véier zousätzlech Droge-Kugelen am Kierper vum presuméierten Drogendealer fonnt goufen. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann doropshi festgeholl an e Freideg de Moien dem Untersuchungsriichter virgefouert.