
De Parquet nennt a sengem Schreiwes keen Numm, mä et handelt sech dobäi ëm de Steve Duarte vu Meespelt.
An der fréierer IS-Bastioun Baghus soll hien an engem Camp festgehale ginn.
Eng brasilianesch Zeitung hat et en Donneschdeg gemellt, e Freideg koum d'Confirmatioun vun der Lëtzebuerger Justiz: De presuméierte portugisesche Member vum sougenannten Islamesche Staat, deen zu Lëtzebuerg gelieft huet, gouf a Syrien festgeholl.
Den 30 Joer ale Mann vu Meespelt gëtt deemno de Moment an engem Gefaangenelager festgehalen.
"Portugiseschen Dschihadist a Syrien festgeholl" - dat ass d'Iwwerschrëft vun deem brasilianeschen Artikel. Dora steet, dass de Steve Duarte Amieiro de Fall vum sougenannten Islamesche Staat zwar iwwerlieft huet, elo awer festgesat gouf. Hie wär vu syresche Rebellen, respektiv kurdeschen Zaldote gepëtzt ginn.
Am Artikel geet dovu rieds, dass den, Zitat, "Terrorist", dee sech am September 2014 dem sougenannten Islamesche Staat ugeschloss hätt, an der Provënz Deir ez-Zor festgeholl gi wär, no der Néierlag vum IS zu Baghus. De Steve Duarte wär an e Gefaangenelager dohi bruecht ginn, dat wéissten och schonn déi betraffe Geheimdéngschter.
Fir déi europäesch wär de Portugis vu Meespelt e wichtegt Element. Hie wär dann och mat engem lëtzebuergesche Mandat d'arrêt gesicht ginn. A Syrien hätt de Steve Duarte am Ufank am Kommunikatiounsdepartement vum IS geschafft, fir d'éischt als Kameramann a Propagandist op de sougenannte sozialen Netzwierker, ier hien, Zitat, "zum Protagonist gouf".
Am Januar 2016 war hien an engem Video vum Terroristegrupp opgedaucht, an deem Geiselen higeriicht goufen an an deem hie selwer Spuenien a Portugal gedreet hat. Elo ass de Mann, wéi gesot, festgesat.
Communiqué du parquet de Luxembourg en relation avec un présumé combattant de l'Etat Islamique. (31.05.2019)Suite à des reportages récemment parus dans la presse internationale, le parquet de Luxembourg peut confirmer qu'un présumé combattant de l'Etat Islamique, de nationalité portugaise et ayant résidé auparavant au Luxembourg, se trouve actuellement retenu dans un camp en Syrie.
A ce stade le parquet ne saurait fournir d'autres informations vu l'instruction en cours.