Parquet deelt matPresuméierten Täter, deen an der Stad op e Mann geschoss hat, gouf festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Bei der Persoun déi festgeholl gouf, soll et sech ëm en 23 Joer ale Mann dréien. Hien hat an der Rue Fort Neipperg e Mann an der Bauch-Regioun blesséiert.

Hei geet et jo ëm d’Dot vu leschtem Dënschdeg, 5. Dezember, wou den Täter an der Stad, méi genee an der Rue du Fort Neipperg e puer mol mat enger Pistoul op e Mann geschoss huet. Dëse gouf blesséiert, wéi et geheescht huet, am Beräich vum Bauch.

Ma wéi de Parquet en Donneschdeg am fréien Owend matdeelt, gouf de gesichten Täter elo an der Nuecht op e Mëttwoch zu Arel festgeholl, dat nodeems et intensiv Investigatioune säitens der Direktioun vum Juge d’instruction gouf, dat op Basis vun engem europäesche Mandat d’arrêt.

Wéi am Communiqué vum Parquet weider präziséiert gëtt, ass de presuméierten Täter, e Mann vun 23 Joer, zu Arel an der Nuecht vum 12. op den 13. Dezember festgeholl ginn a géif och deemnächst un déi Lëtzebuerger Justiz ausgeliwwert ginn. Wéi d’Wort mellt, soll et sech ëm e portugisesche Staatsbierger handelen, dëst ass am Communiqué vum Parquet allerdéngs net präziséiert. Och d’Wort-Informatiounen, dass sech d’Dot am Zesummenhang mat engem Drogenhandel ofgespillt soll hunn, gouf net am Schreiwes matgedeelt.

Ermëttlunge géint de Mann lafen, et besteet wéi ëmmer zu dësem Moment d’Présomption d’innoncence.

Police sicht weider no Verdächtegem: Persoun duerch Schoss um Bauch blesséiert an der Rue du Fort Neipperg

Back to Top
CIM LOGO