Wat fir Mesurë gi geholl, fir d'Bewunner bei den aktuellen Temperature gutt z'encadréieren? Am Hôpital Intercommunal zu Stengefort (HIS) gouf viru Jore schonn e konkrete Plang ausgeschafft.
E "Plan de grande chaleur" am HIS gëtt bei 25 Grad aberuff a gëtt ëmmer erëm, jee no Besoin, iwwerschafft. Virun allem gëtt mam "Tour d’hydratation" gekuckt, datt d'Leit genuch Waasser kréien an dass et och wierklech gedronk gëtt, well Hydratatioun ass bei Hëtzt e wichtege Punkt, deen awer gäre vergiess gëtt, haaptsächlech am Alter. Generell trëtt de Plan de grande chaleur all Joer vum 1. Juni un a Kraaft, huet dëst Joer awer mussen am Mee scho gestart ginn, esou de Generaldirekter Luc Gindt: "Dat sinn dann d'Ventilatoren, déi an d'Zëmmeren erëm kommen, mir hunn och iwwerall am Haus Fontaine stoen, wou d'Personal sech kann zerwéieren, wou awer och eis eeler Leit kënnen dovu profitéieren."
Am HIS ginn et dräi verschidde Strukturen: d’Reeducatioun, de Foyer du Jour, an d’Structure d’Hébergement. Déi lescht hu mir besicht a kruten e klengen Abléck an hir Atelieren. Där maachen si der all Mount an déi gi bei méi héijen Temperaturen och ugepasst: "Haut profitéiere mir vun der Terrass, well soss ass et ze waarm de Mëtten. Mir kucken ëmmer am Viraus, wéi d'Wieder gëtt. Zum Beispill de Mëtte gëtt et waarm, da maache mir eng Aktivitéit an engem Sall, am 'Stammdësch' wou Klimatisatioun ass", dat seet d'Audrey Creola, Educatrice am HIS.
De 'Stammdësch' ass hire Restaurant, wou d'Platen och dem Wieder ugepasst ginn. Bei méi héijen Temperaturen, wéi et dëser Deeg de Fall ass, gi méi dacks kal a méi liicht Plate proposéiert, woubäi d’Residenten ëmmer eng waarm Moolzecht auswiele kënnen.