ZeckenzäitPreventiounsmesuren, Impfen an d'Infektiounsgefor an der Vakanz

RTL Lëtzebuerg
Et sinn net nëmmen d'Grasmilben, déi den Ament a puncto Gedéiesch nawell penibel kënne ginn, et ass och erëm Zeckenzäit!
Zeckenzäit
Et sinn net nëmmen d'Grasmilben, déi den Ament a puncto Gedéiesch nawell penibel kënne ginn, et ass och erëm Zeckenzäit!

All Zeck, déi zoustécht, kann eventuell geféierlech Krankheetserreeger iwwerdroen. Dozou zielt zum Beispill d'Borreliose, zënter leschtem Joer ass dës meldeflichteg hei am Land a 47 Leit hate sech infizéiert. 2020 war bei eisen däitschen Noperen e Rekordjoer, wat déi sougenannt FSME ubelaangt - der Fréisummer Meningo Encéphalyte - mat iwwert 700 Fäll, an och an Éisträich goufen et sou vill Fäll wéi nach ni. Och Deeler vum Saarland a Rheinland-Pfalz zielen ewell zu de Risikogebidder.

© RTL

Zu Lëtzebuerg goufe bis elo nach keng Zecke mat FSME fonnt. Allerdéngs sollt ee sech impfen, wann een a Risikogebidder an d'Vakanz fiert, wéi zum Beispill an de Schwarzwald oder och Plazen an Éisträich an an der Schwäiz. Gëtt een hei am Land gepickt, dann ass de Risiko do, datt d'Zeck mat Borrelien infizéiert ass, dofir soll ee se séier eraushuelen, well déi éischt Stonnen iwwerdréit se dës Erreeger nach net. Wann den Deeg dono déi sougenannten "Wanderröte", e roude Krees entseet, muss ee bei den Dokter.

© RTL

Op wat et soss nach opzepassen gëllt, wann et awer geschitt ass an een onbehandelt bleift, respektiv, wat ze maachen ass, fir dat et net sou séier passéiert, a wéi eng Impfunge fir Mënsch an Déier méiglech sinn, gesitt Dir am Reportage.

Back to Top
CIM LOGO