Aussepolitesch KommissiounPrioritéit fir den Bierger d'EU méi no ze bréngen

Annick Goerens
Déi Deputéiert vun der aussepolitescher Kommissioun kruten e Méindeg de Moien den Aarbechtsprogramm vun der europäescher Kommissioun fir 2019 virgestallt.
© Aris OIKONOMOU / AFP

D'Europawalen, den neien EU-Budget fir déi nächst 7 Joer, d'Finalisatioun vum Bannemaart an d'Energie-Unioun sinn natierlech déi wichtegst Prioritéiten, ma de Lëtzebuerger Deputéiert leien och nach ganz aner Themen um Häerz.

Aussepolitesch Kommissioun - Reportage Annick Goerens

Europa soll nees méi no un de Bierger sinn an dofir musse wichteg europäesch Dossieren och méi am Fong an der Chamber a vun de Lëtzebuerger Deputéierten diskutéiert ginn. De President vun der aussepolitescher Kommissioun um Krautmaart Marc Angel: „Mir hätte gären, dass déi 60 Deputéiert niewent hirer nationaler-, niewent hirer regionaler Dimensioun och déi Europäesch Dimensioun kucken. Well duerno si 60-70 Prozent vun de Gesetzer déi mir hei stëmmen, si jo Transpositioune vun Direktiven an do ka keen Deputéierte méi senge Wielerinnen oder Wieler soe „jo wësst dir, dat ass Bréissel, dofir wousste mir näischt“. Nee mir gi vun Ufank un iwwer alles informéiert, an t'ass eis verdammten Aufgab opzepassen an de Fanger erauszestrecken, wann mir mat eppes net d'Accord sinn, Alliéierten ze siche bei aneren nationale Parlamenter. Do ginn et Moyenen, do gëtt et eng Plattform.“ 

Dofir sollen ënner anerem och méi dacks EU-Kommissären an d'Chamber komme fir den Deputéierte Ried an Äntwert ze stoen, eng Fuerderung déi och  d'CSV stellt, besonnesch an Dossieren déi fir Lëtzebuerg wichteg sinn. De Laurent Mosar: „Well mir mëssen alleguerten dass Europa den Ament vläicht kee sou ee gudden Image bei souvill Bierger huet. An wei solle mir Europa och bei de Bierger verkafe wann mir net iwwer all d'Informatioune verfügen? An dofir mengen ech, do ass ganz vill Loft no uewen. An mir hoffen, dass och déi nei Regierung den Drock héich hält op d'Kommissioun fir  dass och déi Zesummenaarbecht an Zukunft ka besser fonctionnéieren.“

Fir déi Gréng läit de Fokus fir 2019 besonnesch op der Agrarpolitik déi een och versiche misst e bëssen ze stéiere fir manner op Masseproduktioun ze setzen a méi op d'Qualitéit, sou déi nei gréng Deputéiert Stéphanie Empain. Fir d'Piraten dann, misst op europäeschem Plang virun allem d'Digitaliséierungsstrategie viru gedriwwen, weider iwwer d'Rechtsstaatlechkeet an der EU diskutéiert ginn. Ma och d'Propose d'Unanimitéit ofzeschafe fir Decisiounen ze huele misst debattéiert ginn.

De Sven Clement: „Dat kann heiansdo ganz interessant si fir Lëtzebuerg, ma och ganz geféierlech. Dat heescht do musse mer mat Argus-Aan drop oppassen. An mir musse virun allem – an dat läit de Piraten um Häerz- dofir suergen dass déi Entscheedungen déi am Conseil getraff ginn och beim Bierger ukommen, dass déi verstane ginn.“

Et wär wichteg dass de Conseil net sou Gremium ass den hannert zouenen Dieren eppes entscheet an wou kee weess wéi et geschitt ass an firwat et geschitt ass, sou nach de Sven Clement.

Back to Top
CIM LOGO