
Dëst ass de Leschten ënnert der Presidence vum Jean-Claude Juncker.
50 Prozent vun allen Initiativen déi d'europäesch Kommissioun déi lescht 5 Joer virgeluecht huet, si gestëmmt ginn, a 25 Prozent sinn an der Schlussphase, wou just nach d'Europaparlament an de Conseil mussen de Feu Vert ginn. An domadder wär dann och e groussen Deel vun den 10 Prioritéiten, déi sech d'Kommissioun ginn hat, ofgeseent ginn, erkläert de President vun der aussepolitescher Kommissioun Marc Angel.
Fir 2019 géingen also keng nei legislativ Propose méi virleien, ma dofir awer 15 aner Propositiounen, déi ëm d'Zukunft vun Europa dréinen. Wou leien d'Schwéierpunkten dëst Joer?
Marc Angel:„Natierlech de cadre financier pluriannuelle, dat ass also de Budget fir 7 Joer. Europa kritt ëmmer méi nei Erausfuerderungen. Wann d'Staats-an d'Regierungscheffen zesumme kommen, soe se ëmmer „Europa muss méi maachen hei an do“ mä et wëll kee méi Sue ginn. Eis Regierung huet jo gesot „mir mussen Europa méi Sue ginn, soss kënne si net déi Verantwortung iwwerhuelen déi mir hinne wëlle ginn“. Dann ass och de Brexit een Dossier dee mir wäerte suivéieren, de Bannemaart an all déi Saache wat d'Kompetitivitéit ubelaangt. An dann natierlech och d'Fro, wéi Decisiounen an Europa geholl ginn. Den Här Juncker huet jo proposéiert, dass wat d'Aussepolitik ubelaangt, dass do d'majorité qualifiée soll duergoen. Dat soll och fir Deeler vun der Sozialpolitik an der Steierpolitik gëllen. An dat ass vläicht fir Lëtzebuerg ee méi komplizéierten Dossier, awer och dat muss een ugoen an och dat muss een diskutéieren.“
Besonnesch op sou sensibele Sujete fir Lëtzebuerg, missten och d'Chamber an déi national Deputéiert kucke wat d'Ministeren zu Bréissel doriwwer soen, a sech da gutt organiséieren a gutt zesummeschaffen, fir dës Entwécklungen am Aen ze behalen, sou nach de Marc Angel.