
Vun der Prisongsdirektioun ass et um Mëttwoch de Mëtten d'Präzisioun, dass de Mann wéinst aggressivem Verhalen an eng aner Zell sollt bruecht ginn.
Fir den Transfert wiere 5 Agente vum Interventiounsgrupp agesat ginn, déi speziell forméiert an equipéiert wieren, fir a geféierlechen oder soss schwierege Situatiounen anzegräifen.
Se hätten och deen übleche Sécherheetsdipositif bei sech gehat, wéi Helmer, schosssécher Gileten an anert Material.
4 Agente goufe blesséiert. Zwee si fir 4 Deeg krankgeschriwwe ginn, een anere fir 3 Deeg. Dee 4. konnt weiderschaffen.
Den aggressive Prisonéier gouf aus dem Gemeinschaftstrakt erausgeholl.