Am Zesummenhang mam Klimawandel, denkt een un Autoen, Kuelekraaftwierker oder Transatlantikflich. Datt awer 8% vun de weltwäiten CO2-Emissiounen op de Compte vum Zement ginn, ass deene meeschte Leit net bewosst. Ouni Zement gëtt et kee Bëtong. A Bëtong ass nom Waasser déi zweet meescht gebrauchte Matière op der Welt. De Bauboom op eisem Planéit léisst deemno d'Klima net kal.
Fir Zement ze kréien gëtt e Mix aus Kalleksteen a Mergel op 1.450 Grad erhëtzt. Doraus entsteet Klinker, d'Basis fir den Zement. Ma bei dësem Verfaren gëtt enorm vill CO2, deen am Kallekstee gespäichert ass, fräigesat.
Dobäi kommen dann nach d'Brennstoffer fir d'Iewen. Hei gouf viru 40 Joer nach exklusiv Kuel genotzt, ma dëst gouf elo reduzéiert, op d'Hallschent. Nieft der Kuel gëtt dann haut och nach Offall aus dem Recyling-Prozess mat verbrannt. Resultat vu béide Prozesser: 625.000 Tonnen CO2,Ausstouss, eleng zu Lëtzebuerg. Dat si 6 Prozent vun eisen nationalen Emissiounen.
Mä ouni Zement gëtt et kee Bëtong an eng Welt ouni Bëtong kann ee sech haut bal net méi virstellen. Eleng zu Lëtzebuerg ginn all Joer 1,2 Milliounen Tonne verschafft. De Bëtong krut zanter dem Joer 2000 e Boom, wat dann och dofir gesuergt huet, datt méi Zement huet missten hiergestallt ginn. Aktuell kënnt een op iwwer 4 Milliarden Tonnen am Joer. Et ass e Wuesstem, dee Konsequenzen fir d'Ëmwelt huet.
No Alternative gëtt gesicht. Eng Méiglechkeet wier, fir den CO2-intensive Kalleksteen z'ersetzen, dat mat Kaolin zum Beispill, engem Offallstoff aus der Aluminiumproduktioun.
RTL.lu: 1,2 Milliounen Tonnen Zement ginn am Joer zu Esch produzéiert