Dës Produktioun suergt fir ronn 6 Prozent vum nationalen CO2-Ausstouss.

Fir 18.000 Aarbechter ass d'Summervakanz e Méindeg eriwwer. Mat der Rentrée um Bau wäert op de Schantercher och nees massiv Bëtong verschafft ginn. Eng vun de Matière-Premièren dovunner ass den Zement. An däers gouf de Summer iwwer massiv zu Esch, am eenzege Wierk am Land, produzéiert. Eng aus der Siicht vum Ëmweltschutz net onëmstridde Matière, ouni déi awer hautdesdaags näischt um Bau leeft.

D'Produktioun hei am Land ass direkt mat der Geschicht vun der Stolindustrie verbonnen. Héichiewe ginn et keng méi. Produzéiert gëtt weider zu Esch an zwar 1,2 Milliounen d'Tonnen d'Joer. Just 10 bis 15% dovun ginn haut nach a 25-Kilo-Säck gefëllt.

Nieft Kallek, Klinker an Anhydrite gehéiert den Hüttesand aus den Héichiewen zum feste Bestand vum Zement.

3 Mol d'Woch gëtt nach an der Carrière iwwer Rëmeleng gesprengt. Hei läit genuch Kallek a roude Mergel, fir bis 2050 weider Zement zu Lëtzebuerg ze produzéieren.

Iwwer de leschten Tapis, deen nach am Minette dréit, ginn d'Réistoffer erof an den Dall bruecht, wou deen 90 Meter laangen Uewe 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7 leeft.

An zwee Siloen, déi jidderee 50.000 Tonne Stockage hunn, gëtt de Klinker tëschegelagert, ier e mam Zuch an d'Wierk op Esch, wou Dag an Dag aus 3 riseg Walz-Millen dréien, transportéiert gëtt.

Ëm déi 400.000 Kubikmeter Loft pro Stonn blosen dann dee rengen, fäerdegen Zement eraus an déi 20 Siloen um Escher Site.

Energie a virop CO2: Zwee Stéchwierder, déi d'Produktioun vun Zement weltwäit net onëmstridde maachen. Bei der Produktioun vun 1,2 Milliounen Tonnen d'Joer, eleng hei zu Lëtzebuerg, gi 625.000 Tonnen CO2 d'Joer fräigesat, 6% vum nationalen CO2-Ausstouss. Ma ouni Zement gëtt et kee Bëtong.