Schouljoer 2018/2019Proffen hunn am Ganzen 8.109 Iwwerstonne geleescht

Christophe Hochard
Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Deputéiert Martine Hansen geäntwert.
© AFP (Archiv)

Eng parlamentaresch Fro hat d'CSV-Deputéiert Martine Hansen am November d'lescht Joer un den Educatiounsminister Claude Meisch gestallt. Et goung hei ëm d'Zuel un Iwwerstonnen, déi d'Proffen an de Schoule leeschten, an de Mangel un Enseignanten.

8.109, dat ass d'Zuel un Iwwerstonnen, déi am Schouljoer 2018/19 an all de Lëtzebuerger Lycéeë geleescht goufen. Dat schreift den Educatiounsminister Claude Meisch a senger Äntwert. 37 ëffentlech Schoule ginn et hei am Land.

RTL.lu: Ministère präziséiert: Proffe leeschten 8.109 Iwwerstonne pro Woch Op déi 40.455 Schüler d’lescht Schouljoer koumen eng 4.750 Proffen. An der Moyenne huet een Enseignant 1,7 Iwwerstonne gehalen. Am Total waren et 2.722 Proffen, déi Iwwerstonne gemaach hunn, sou heescht et weider an der Äntwert vum Educatiounsminister.

D’Iwwerstonnen an de Lycéeë wären zanter Joerzéngten en Deel vum System. Déi regulär Tâche vum Proff ass op 22 Leçone fixéiert. Dat sinn 21 Unterrechtsstonnen an enger sougenannter "leçon de disponibilité". De Minister Meisch wéist drop hin, dass duerch den Effet vun de Koeffizienten, déi op d’Unterrechtsstonnen applizéiert ginn, an duerch d’Alters-Decharge quasi automatesch Iwwerstonnen entstoe géifen.

Op d’Fro vun der CSV-Deputéiert Martine Hansen wéi vill Iwwerstonnen an den eenzele Fachberäicher gehale géife ginn, äntwert de Claude Meisch, datt an enger Rei vu Spezialitéiten d’Zuel vun den Iwwerstonnen héich ass. Dat gëllt fir d'Mathé, d'Info, d'Naturwëssenschaften an awer och déi technesch Fächer, déi vun Ingenieuren oder Maîtres d’enseignement technique gehale ginn.

Als Erklärung heifir gëtt den DP-Politiker Schwieregkeete beim Rekrutement vun Enseignanten bei dëse Spezialisatiounen un. Hei missten an den nächste Jore verstäerkt Moossnamen ergraff ginn, fir dëse Probleem ze léisen, sou nach den Educatiounsminister.

PDF: Äntwert vum Claude Meisch op parlamentaresch Fro vun der Martina Hansen

Back to Top
CIM LOGO