Et wär virun allem schwiereg fir Jugendlecher, déi just aus der Schoul wieren. Dacks géif nämlech Erfarung gefrot ginn, fir en Job ze kréien. Wärend 6 Wochen hunn elo eng 12 Jugendlecher un dësem Projet vu “Youth and Work” deelgeholl. A fir ee vun de Kandidaten hat dëse Projet scho Succès. De Alessandro Macchini huet en CDD ugebuede kritt.
Iwwer e Coaching wëllen déi Responsabel vu “Youth and Work” deene Jonke bei hiren Demarchen hëllefen.
D’Participante goufen um Enn vun hirem Stage och mat engem Certificat ausgezeechent.