GeriichtProzess nom Aarbechtsaccident zu Colmer-Bierg

RTL Lëtzebuerg
Deemools hat eng Marquise eng Stee ëmgehäit. Een 58 Joer ale Mann gouf uerg blesséiert.
© Cité judiciaire2

Am Februar 2016 war beim „Centre de formation pour conducteurs“ zu Colmer-Bierg méi en uergt Aarbechtsaccident geschitt: E Méindeg kruten den 39 Joer ale Gerant vun enger Baufirma an d'Societéit dofir de Prozess um Stater Geriicht gemaach.

Deemools hat eng Marquise eng Stee ëmgehäit, den haut 58 Joer ale Mann, deen dorop stoung, war bal 7m an d'Déift gefall a schwéier blesséiert ginn. „Et hat keen dru geduecht, dass d'Stee vun der Marquise kéint ewechgedréckt ginn an dass d'Marquise net vum Stroum war“ ass d'Konklusioun vum President vum Geriicht gewiescht.

Geriicht Aarbechtsaccident - De Reportage vum Eric Ewald

Woubäi den Ugeklote betount huet, hie wär net eleng schëlleg. Wuel wär hie responsabel fir seng Aarbechter, ma de Coordinateur Sécurité santé wär mat verantwortlech gewiescht a souguer méi wéi hien, sou de Patron. Wouropshin de Riichter gemengt huet: „Dir hätt och misse gesinn, dass d'Stee widder der Marquise stoung a kucke missen, ob d'Marquise un oder aus war!“ „Ech hätt et och misse gesinn a mech froen, ob se ënner Stroum stoung!“ war dem Gerant seng Äntwert dorop. Bis dohin hätt et a senger Firma keen Accident mat engem schwéier Blesséierte ginn.

Um Ufank vun der Sëtzung hat d'Affer erkläert, et wär am Gaang gewiescht, déi net ze grouss Stee ofzerappen, wéi déi op eemol ugefaangen hätt ze bougéieren. Hien hätt nach geduecht, wat dat wär, wéi hie realiséiert hätt, dass eng Marquise sech beweege géif, u sech sollt déi vum Stroum sinn. Hien hätt nach probéiert ze sprangen, sot de Mann, mä net méi genuch Zäit gehat. Nach haut ass hien am Krankeschäin!

E Polizist sot, d'Marquise, déi net ofgeklemmt war, wär him eréischt den Dag nom Accident opgefall. Et hätt sech dono d'Fro no der Responsabilitéit fir d'Marquise gestallt. De Beschëllegte wär, der eegener Meenung no, net fir hiert Ofklemme responsabel gewiescht. Fir en Ingenieur vun der ITM war et net normal, dass d'Marquise d'Stee ëmgehäit huet, awer och net, dass näischt d'Affer zréckgehalen huet: A sengen Aen hätt en Opfänkfilet gehollef!

Nodeems eng Vertriederin vun der Assurance-Accident ronn 268.500 € Schuedenersatz gefrot hat, huet och de Vertrieder vum Parquet gemengt, dass d'Marquise hätt missen a Betruecht gezu ginn. Et hätt misse gekuckt ginn, ob alles an der Rei war, ma et wär näischt gemaach ginn: Dofir sollt eng ofschreckend Geldstrof gesprach ginn!

D'Uerteel ass fir de 24. Januar.

Back to Top
CIM LOGO