Invité vun der Redaktioun (22. Mäerz)Psychotherapeut Gilles Michaux iwwer de Phenomen vum Burn-out

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien war de Psychotherapeut Gilles Michaux.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Dr. Gilles Michaux
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

De Burn-Out-Syndrom ass d’Suite vu chroneschem psycho-soziale Stress, d’Persoun an de Kierper kréien dee Stress op eemol net méi geréiert. Dacks ass d’Ursaach op der Aarbecht vun de Leit ze fannen, seet de Psychotherapeut Gilles Michaux, den Invité vun der Redaktioun.

Den Dr. Gilles Michaux (Extrait 1)

D’Grënn kéinten awer och op d’Privatliewen zeréckzeféiere sinn.

Wéi vill Leit zu Lëtzebuerg betraff sinn, wier schwéier ze chiffréieren, esou de Gilles Michaux. D’Prävalenz läit bei 10%, Tendenz no uewen. Beim Risiko gëtt deels vun 30% vun de Leit geschwat, ënner anerem d’Acceleratioun vun den Aarbechtsprozesser wier dorunner Schold.

Wéi mierkt een dann e Burn-Out?

Den Dr. Gilles Michaux (Extrait 2)

D’Konsequenze kënne grave sinn. Wann e Burn-Out net behandelt gëtt geet et vun Erschöpfungs-zoustänn bis hinn zu Suizid-Risiko.

Ideal wier et, fir präventiv géint d’Ausbrenne virzegoen, versiche sech ze entspanen oder sech mat Zäite professionell Hëllef ze sichen. Wichteg wier et, datt ambulant a multidisziplinär Behandlungsprogrammer en Place gesat ginn, esou wéi et se am Gesondheetszentrum scho gëtt, esou de Gilles Michaux.

E Freideg organiséiert dee Gesondheetszentrum vun der Fondatioun Hôpitaux Robert Schuman e groussen Themendag zum Burn-Out-Syndrom.

Invité vun der Redaktioun en Donneschdeg de Moien war de Psychotherapeut Gilles Michaux.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
LINK: Weider Infoen op www.fhrs.lu.
Back to Top
CIM LOGO