Instrument fir ExtremistenRadikaliséierung op de soziale Medien - och zu Lëtzebuerg

Annick Goerens
Den Ëmgangstoun an den Diskussiounen iwwer d'Pandemie, d'Impfungen an de CovidCheck gëtt ëmmer méi rau.
© AFP

Radikaliséierung op de soziale Medien / Rep. Annick Goerens

Besonnesch op de soziale Reseauen entwéckele sech Parallel-Welten, wou dacks mat alternative Fakte geschafft a sech géigesäiteg héichgeschaukelt gëtt. An dat net just am Ausland, ma och hei am Grand-Duché. D'Annick Goerens huet fir eis mat engem Soziologie-Student geschwat, deen dëse Phenomeen hei am Land méi genee ënnert d‘Lupp hëlt.

„Esou ee Saz ass scho Grond, fir deen do ze limogéieren! Wie si mer dann? Nazi Regime?“, „Dee misst och ëffentlech gelyncht ginn!“. Dat ass een Zitat, dat sech op eise Premier Xavier Bettel bezitt.

„Mir sinn effektiv am Krich an ech hunn och schonn hei Heem ugekënnegt, dass ech bereet sinn, fir d‘Wourecht ze stierwen. Meng Kanner si lo al genuch, dat an deem Fall ze verstoen“.

„Ech si gewëllt alles ze verléieren éier ech mech eemol impfe loossen oder testen, et steet vill um Spill, mä hoffentlech wäert et geschwë knuppen an ech ginn all Dag op d'Strooss an net vergiessen, mir si Besatzungsgebitt also Nürnbergerkodex […]“, „Time for fucking war“.

Dëst sinn alles Extraiten aus dem Telegram-Grupp "netgepicktLU". Fir déi, déi et net kennen: Telegram funktionéiert vu Prinzip hier eigentlech wéi WhatsApp, just, dass ee sech donieft och nach kann a Gruppen umellen an do mat frieme Leit iwwer Sujeten diskutéieren. Telegram huet sech zu engem ganz beléifte Medium fir Rietsextremer, Populisten a Verschwörungstheoretiker entwéckelt, well déi Chats net kënne geläscht gi wéinst Opruff zum Haass oder Diffamatioun. Esou ëffentlech Aussoe géingen awer zum Beispill op Facebook an op Twitter direkt vun de Plattforme selwer geläscht ginn, well een dat jo och do melle kann. De Contenu vun den Chats kann donieft och kryptéiert ginn. E praktescht Instrument fir Extremisten.

De Claude Feltgen studéiert Sozialwëssenschaften, ass bei de Gréngen aktiv a suivéiert zanter e puer Wochen d'Grupp "netgepicktLU" op Telegram. „Wat an deem Grupp virun allem gedeelt gëtt, sinn einfach wierklech Desinformatiounen aus anere Länner, wou dann ëmmer nees Bill Gates a wat weess ech, alles zesumme kënnt. Ëmmer erëm schlecht interpretéiert Statistiken, déi do gedeelt ginn an ëmmer erëm dat als kloert Zeeche geholl ginn „Ah mir sinn am Recht“. Si schaukele sech enorm géigesäiteg erop. An da kommen ëmmer erëm déi problematesch, gewalthalteg Noriichten derbäi. Déi ginn och net zeréck gewisen, mä einfach esou stoe gelooss. An duerno wonnere se sech, wa gesot gëtt, dass déi Gruppe radikal sinn“, esou gesäit de Claude Feltgen de Grupp.

Et ass e Phenomeen, dee besonnesch a Krisenzäiten Héichkonjunktur huet: Verschwörungstheorien an d‘Streeë vun alternative Fakten a Wourechten. „D‘Basis vun all Verschwörungstheorie ass ëmmer, dass déi Leit, déi sech do erëmfannen, sech als Affer vun deene béisen Elitte gesinn. An se schwätze sech do ëmmer méi dran. Se soen ëmmer „kuck elo maache se nees dat géint eis an dat géint eis“. A wat mir immens opgefall ass a mir och Suerge mécht, och haut, ass déi Krichsrhetorik“, esou de Student weider.

De Claude Feltgen hat no verschiddenen Aussoen, notamment och, dass de Premier soll gelyncht ginn oder dass terroristesch Mesurë misste geholl ginn, eng Plainte bei der Police gemaach. Si haten de Contenu ugangs awer net ganz seriö geholl. „Déi Persoun, déi mer do zeréckgeschriwwen hat, huet gesot, well ech vu Verschwörungstheorien och den Ament geschwat hat, huet déi geäntwert, hie wéisst net wat do eng Verschwörungstheorie wier, well dat wier jo ganz ok sech Froen ze stellen géintiwwer vun der Impfung.“

Nodeems de Claude Feltgen dëst och op Twitter publizéiert hat, wier nach eng Äntwert komm vun der Police, dass den éischte Mail net glécklech gewiescht wär, se géingen dat awer scho méi seriö kucken. Mä allgemeng géing de Problem vun der Radikaliséierung op de soziale Medien hei am Land net genuch Opmierksamkeet kréien, sou de Student an de Sozialwëssenschaften. Hie fënnt: „Mir hunn dat vun Ufank un net seriö genuch geholl. All déi Froen déi gestallt goufen zur Impfung, zu Covid allgemeng. A mir hunn einfach zougelooss, dass sech do e Grupp bilt, deen ëmmer méi grouss gëtt. Ech soen elo och net, dass all déi 4.000 Leit, déi op der Marche Blanche waren, genau sou denken wéi déi Vereenzelt, déi sou schlëmm Noriichte geschriwwen hunn, mä elo si mer an deem Fall, wou mer sou e grousse Grupp hunn, wou mer net méi wësse wéi mer domat sollen ëmgoen.“  

An dat heescht am Fachjargon "Messengeriséierung", also spréch, wann déi politesch Kommunikatioun zum groussen Deel an zouene Messenger-Gruppe vun WhatsApp, Telegram oder aneren Déngschter leeft. E Phenomeen, deen déi nächst Joren d'Politik definitiv wäert beschäftegen.

Back to Top
CIM LOGO