Nei Plattform "JobSwitch"Raus aus dem Chômage wärend der Corona-Kris

RTL Lëtzebuerg
Duerch de Coronavirus gouf et eng däitlech Hausse beim Chômage. Fir wärend dëser Zäit eng nei Aarbecht ze fannen, ass alles anescht wéi einfach.
Aarbechtssich an Zäite vun der Corona-Kris
Duerch de Coronavirus gouf et eng däitlech Hausse beim Chômage. Fir wärend dëser Zäit eng nei Aarbecht ze fannen, ass alles anescht wéi einfach.

Zanter e Méindeg si mer dann an der éischter Phas vun der Exit-Strategie. Chantieren, Baumäert a Recycling-Zentere gi rëm opgemaach a Paysagisten dierfen nees schaffen. Ma a villen anere Secteure funktionéieren d’Betriber virun am “mode réduit”, oder d’Diere musse weiderhi komplett zoubleiwen. Eng schwiereg Situatioun also och fir all déi Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn. Wéi solle si virgoen, elo wou et manner Offeren um Aarbechtsmarché gëtt? Wéi eng Ënnerstëtzung kréie si vun der Regierung an der Adem? A wat ass sech vun der Plattform “JobSwitch” z’erwaarden?

Annerhallwe Mount war de Yannick Rotty op der Sich no enger Aarbecht. Ma mat der Corona-Kris ass et op eemol séier gaangen. Zanter dem 30. Mäerz schafft de 44 Joer ale Fransous nämlech an engem Supermarché zu Stroossen, wou hie sech ëm d’Keesen an d’Rayone këmmert. Iwwer Facebook ass de Yannick Rotty op déi nei Plattform “JobSwitch” opmierksam ginn, eng Initiative vun der Chambre de Commerce, déi Leit ouni Aarbecht a Betriber, déi duerch d’Corona-Kris dréngend Personal brauchen, zesummebréngt. Dobäi riicht se sech u Leit am Chômage, Chômage partiel, Independanten a Studenten, déi an dëser Period op eng bestëmmten Zäit een neien Job iwwerhuele kënnen. De Yannick Rotty huet sech also spontan op d’Offer fir een “Employé polyvalent” gemellt.

De Yannick Rotty: “Ça a été très vite. J’ai répondu donc à l’annonce sur le réseau social Facebook. Deux jours après une personne de la Chambre de Commerce m’a contacté en me demandant d’envoyer mon CV, ce que j’ai fait directement. J’ai été contacté le lendemain par le magasin Delhaize ici à Strassen qui avait besoin effectivement de personnel disponible. J’ai commencé tout de suite le lundi matin vue que j’étais disponible bien évidemment.Fir d’Supermarchéë wier et den Ament eng komplizéiert Situatioun. Engersäits wéilt een eng komplett Offer a gefëllte Rayonen ubidden, anerersäits misst een awer och d’Sécherheet vu Personal a Clientë garantéieren. Eppes wouriwwer och de Yannick Rotty sech ufanks Gedanke gemaach huet. Ma vu dass nieft enger Rei Sécherheetsmoossnamen d’Personal all Moien e Mask an Händsche kritt, sinn déi Suerge séier verflunn, erzielt de Yannick Rotty.

Nieft him sinn nach zwou weider Persounen iwwer JobSwitch am Geschäft zu Stroossen rekrutéiert ginn. Leit, déi virdrun am Chômage respektiv Chômage partiel waren, an elo hëllefen, den Alldag am Buttek ze stemmen. De Manager vum Delhaize Stroossen freet sech iwwer d’Initiativ JobSwitch. Doduerch hätte si séier Leit fonnt, déi direkt disponibel waren. Normalerweis dauert de Rekrutementsprozess nämlech eng bis zwou Wochen. De Yannick par conter konnt scho bannent puer Deeg ufänke mat schaffen. D’Plattform JobSwitch beschleunegt dat Ganzt nämlech sou, dass dat neit Personal esou séier et geet asazbereet ass, erkläert de Koordinator vum Projet Laurent Lucius.

De 24. Mäerz ass d’Plattform offiziell lancéiert ginn. Bis haut sinn ëm déi 1.400 Kandidaturen erakomm, fir ronn 500 Leit koum e Kontrakt dobäi eraus. Dobäi ass virun allem bei de Grande Surfacen, den Traiteuren oder dem Beräich Logistik de Besoin u Personal grouss. Besonnesch interessant wier dës Initiativ fir Leit am Chômage partiel, déi sou laang hire Betrib net aktiv ass, bei een aneren Employeur schaffe goe kënnen.

De Laurent Lucius: “Wann déi zwee Employeure sech eens ginn, gëtt ee Contrat Tripartite gemaach, dat heescht tëscht dem Employeur 1, Employeur 2 an dem Salarié. Dee Moment ass natierlech de Chômage, deen ausbezuelt gëtt, d’Base fir de Salaire, deen ausbezuelt gëtt. Well d’Persoun, déi engagéiert gëtt an der zweeter Entreprise, dierf net manner verdéngen, wéi dat, wat se an der éischter Entreprise verdéngt huet, a kann och méi verdéngen natierlech. Am Chômage partiel kréien d’Leit 80% vun hirem Salaire, hei op der Plattform kréie se minimum 100%. Wa se negociéieren, kënne se och méi verdéngen.”

De Laurent Lucius betount, dass d’Roll vun JobSwitch net déi ass, der Adem hir Aarbecht ewechzehuelen. Am Contraire, et gëtt zesummegeschafft, erkläert d’Direktesch vun der Adem, d’Isabelle Schlesser. Well och wann d’Salle d’Attente an d’Büroen den Ament zum gréissten Deel eidel sinn, gi weiderhin Aarbechtsplaze vermëttelt.

D’Isabelle Schlesser: “Mir hu jo scho säit laangem och eng online Job-Board-Plattform, wou d’Demandeurs d’Emploi kënnen Offere sichen, do ginn et och Offeren drop. An et gëtt och weiderhi gebraucht. Et kann een déi Zäit jo och elo notzen, fir nach u sengem CV ze schaffen, fir online Formatioune matzemaachen. Et soll ee bestëmmt net inaktiv bleiwen dës Wochen.”

Ma och wann de Message ass, weiderhin aktiv no enger Aarbecht ze sichen, kuckt een der Realitéit an d’Aen. Duerch déi aktuell Situatioun huet d’Regierung decidéiert, d’Indemnisatioune fir Chômeuren ze verlängeren. “D’Situatioun ass einfach keng normal um Aarbechtsmarché. Et ass am Moment net einfach, eng Aarbechtsplaz ze fannen”, erkläert d’Isabelle Schlesser. Virun allem um Ufank vun der Kris hätte sech méi Leit an de Chômage gemellt. Mëttlerweil hätt d’Situatioun sech awer stabiliséiert. Wie sech elo beim Aarbechtsamt aschreiwen, eng Demande fir Chômage areechen oder soss vun anere Servicer profitéiere wëll, muss dat iwwer Telefon, E-Mail, Post oder online maachen.

Wat d’Plattform JobSwitch ugeet, déi fir d’Corona-Kris op d’Bee gestallt gouf, verréit de Laurent Lucius, dass se och an Zukunft weider bestoe soll.

De Laurent Lucius: “Mir wëllen natierlech och dovunner profitéieren an den Entreprisen duerno eng Chance ginn, fir vläicht dës Plattform kënnen ze benotzen, fir aus der Krisenzäit besser erauszekommen. Do si mer a Reflektiounen, wéi mer dat am Beschte kënne maachen. Wat déi grouss Problematike vun den Entreprise sinn, och no der Kris, wat natierlech schwéier am Viraus ze gesinn ass. Mir schwätzen natierlech vu Liquiditéits-Problemer, mäsi hunn natierlech och aner strukturell Problemer.”

Zréck bei de Yannick Rotty, dee seet, dass e ganz zefridden ass mat senger neier Situatioun, genee sou, wéi mat der Initiativ JobSwitch. Vu dass d’Plattform an d’Liewe geruff ginn ass, fir d’Krisenzäit ze iwwerbrécken, gi just Kontrakter “à durée déterminée” ofgeschloss. De Yannick Rotty schafft nach bis den 30. Abrëll am Supermarché zu Stroossen. “J’espère effectivement que je vais pouvoir rester encore quelque temps pour pouvoir continuer à travailler ici bien sûr”, esou de Yannick Rotty.

Wann d’Situatioun et géing erlaben, an déi Leit aus dem Chômage partiel net bei hir al Aarbecht kéinten zréckgoen, géing een envisagéieren, déi Leit ze halen, déi temporär ausgehollef hunn, erkläert de Store-Manager Florent Kohr.

Fir de Yannick Rotty besteet also nach Hoffnung. Nieft all den negative Konsequenze vum Virus, bréngt e fir hie jo vläicht eppes Positives mat sech: nämlech eng fest Aarbechtsplaz.

Link: Chômagetaux vu 6,1%: Enn Mäerz waren 18.398 Persounen op der Sich no enger Aarbecht

Back to Top
CIM LOGO